Actualité

Verdeele vu Masken - Distribution de masques

Verdeele vu Masken

De Staat huet de Gemenge Maske geliwwert fir un d'Matbierger ze verdeelen. All Awunner kritt 5 Stéck.

Dës Maske ginn e Méinden 20.4. an Dënschdeg 21.04. verdeelt an Dir kritt dës an Är Bréifboîte. Suergt also onbedéngt derfir datt Är Bréifboîte accessibel an eidel ass.

Dir fannt och e Guide >> guide d‘instruction << derbäi deen Iech erkläert wéi een des Maske benotzt.

Dir kënnt natierlech och e Schal oder e Buff benotzen deen Dir mat 60° wäsche musst an ëmmer erëm benotze kënnt.

Ausserdeem erënnere mir och nach eng Kéier un eisem Staatsminister seng Wieder vum 18. Mäerz: evitéiert onbedéngt de Kontakt mat anere Leit, a bleift doheem !

Merci fir Äert Versteesdemech an Äert responsabelt Verhalen.

>> Video iwer de Gebrauch vun de Masken <<

____________________________


Distribution de masques

L’État a fourni à notre commune des masques à distribuer pour tous les habitants. Chaque habitant recevra 5 masques.

Ces masques seront distribués le lundi 20 et mardi 21 avril et vous seront remis dans votre boîte à lettre. Veillez donc absolument à ce que votre boîte à lettre soit accessible et vidée.

Un guide d’instruction >> guide d‘instruction << joint aux masques vous explique comment les utiliser.

Vous pouvez aussi utiliser une écharpe ou un tour du cou (« Buff ») qu’il faut laver à 60° pour pouvoir le réutiliser.

Conformément à l’annonce du Premier Ministre en date du 18 mars, nous tenons à vous rappeler d’éviter les contacts avec vos concitoyens et de rester à la maison !

Merci pour votre compréhension et votre comportement responsable.

>> vidéo concernant l'utilisation des masques <<

__________________________