Actualité

Aarbechten an der rue Principale zu Kruuchten

Duerch Aarbechten (Bau vun engem RÜB - RegenÜberlaufBecken) an der Haaptstrooss zu Kruuchten, vis-à-vis vun den Haiser N° 59-63, sinn e puer Ännerungen ze beuechten:

D'Strooss ass verengt an den Trafic gëtt mat Momenter mat Luuchte gereegelt, den Trottoir ass op der Säit vun den Aarbechten zou an d'Zebrasträife si verréckelt ginn. Da gëllt op dëser Plaz op béide Säiten e Parkverbuet. De Busarrêt ass em zirka 80m a Richtung Miersch versat​ 

All dës Moossname gëlle bis Ofschloss vun den Aarbechten Ufank vum nächste Joer.

>> Avis public en matière de circulation <<​