Actualité

Mam Vëlo an d' Schoul

​​​​​​​​​​​​​​​Mam Vëlo an d' Schoul

Aus aktuellem Ulass:

De Schäfferot begréisst an ënnerstëtzt d' Initiative vun den Eltere fir mam Vëlo an d' Schoul ze fueren ausdrécklech. Mir appreciéieren den Asaz vu jidderengem deen hëlleft de Projet Vëlospist virun ze bréngen.

Wat mir awer net kënnen ënnerstëtzen, ass, dass d' Kanner moies zu Spëtzestonne mam Vëlo iwwer d' Haaptstrooss vu Kruuchten op Schrondweiler fueren. Do ass dee Moment de Beruffsverkéier ënnerwee a mir sinn der Meenung dass dat einfach ze geféierlech ass, och wann eng Eskort vun der Police matfiert. D' Sécherheet vun eise Kanner muss virum Projet stoen, sou luewenswäert d' Initiative och ass.​