Actualité

Europa soll bleiwe wat et ass!

Europa soll bleiwe wat et ass.
Eng staark Unioun! Fir en Europa mat oppene Grenzen!

Déi Unioun gëtt, wéi vill aner Liewensgemeinschafte weltwäit, zur Zäit vun engem Virus op d’Prouf gestallt, mee duerfir brécht se elo awer net auserneen.

 

Fir dat ze beweisen hunn d’Gemengen aus dem ganze Land eng gemeinsam Aktioun geplangt:

Freides, den 8. Mee ginn d’Europafändelen op Hallefmast gesat.

a Samsdes, den 9. Mee , um Europadag um Punkt 11.00 Auer am ganze Land erëm erop gezunn.

 

Dës Aktioun gëtt, wéinst der Coronakris, ouni Public vum Schäffen- a Gemengerot ofgehalen