Actualité

Concours „Äre Projet (m)am Naturpark“

Entdeckt d'Gewënner vum Concours „Äre Projet (m)am Naturpark" a notzt och Dir Äer Chance fir bei der aktueller Editioun matzemaachen.

https://www.youtube.com/watch?v=0mN0HvPl7uw&list=PLBr-N9Js3tGjLNzHvImvZbisU844XVlZ3&index=1

 

„Äre Projet (m)am Naturpark!" geet an déi nächst Ronn! Den Concours fir Projet'en an Events mat nohaltegem Charakter!  Zéckt net a reecht Ären Dossier nach bis de 15. Mäerz 2021 eran a gewannt mat bësse Chance eng finanziell Ënnerstëtzung vu bis zu 6.000 Euro fir Äre Projet!

 

Eenzeg Konditioun: De Projet muss an engem vun deenen 3 Lëtzebuerger Naturparken (Öewersauer, Our a Mëllerdall) ëmgesat ginn.

Weider Infos hei: https://www.naturpark.lu/wettbewerbe/

Vill Gléck!​

  • D'Naturparken aus dem Land sinn nees op der Sich no innovative Projet'en mat nohaltegem Charakter. Dir huet ee flotte Projet oder eng Iddi fir een Event? Dann reecht bis den 15. Mäerz 2021 ären Dossier beim Concours "Äre Projet (m)am Naturpark!" eran a gewannt eng Finanzsprëtz vu bis zu 6000 Euro .Weider Detailer hei: https://www.naturpark.lu/wettbewerbe/
  • Du bass kreativ an hues eng Iddi fir een innovative Projet oder Event mat nohaltegem Charakter? Dann ass de Concours „Äre Projet (m)am Naturpark" genee dat richtegt fir dech. Nach bis de 15. Mäerz 2021 kann een hei säin Dossier erareechen an eng finanziell Ënnerstëtzung vu bis zu 6.000 Euro gewannen.
Weider Informatiounen hei: https://www.naturpark.lu/wettbewerbe/​​