DigiCash


D’DigiCash Applicatioun ass en einfachen a séiere Moyen fir Är Rechnungen ze bezuelen. Dorëms besuergt fir eis Servicer ëmmer weider ze verbesseren, hu mir décidéiert Iech dësen Service fir d’Bezuelen vun Äre Gemengentaxen och unzebidden.

Op all de Rechnungen déi vun der Gemeng ausgestallt ginn fannt Dir en QR DigiCash Code. Dëse Code erméiglecht et Iech, fir Är Rechnung mat Ärem Smartphone sécher an innerhalb vun e puer Sekonnen ze bezuelen.

Den DigiCash gëtt mëttlerweil vu fënnef Banken a Lëtzebuerg ugebueden: der Spuerkeess (BCEE), der POST Lëtzebuerg (CCP), der BIL, der BGL BNP Paribas an der ING.

Wéi bezuelen ech meng Rechnung mat DigiCash?
Start Är DigiCash Applicatioun a scannt de QR Code op Ärer Gemengerechnung. Gidd Äre Geheimcode an op Ärem Smartphone an d’Rechnung gëtt automatesch iwwerwisen!

Wat sinn d’Virdeeler vun DigiCash?
Dir kënnt Är Rechnung direkt bezuelen esou bal Dir se kritt: Dir braucht kee Computer méi wéi beim Web Banking, an Dir musst och kee Virement ausfëllen an op d’Bank bréngen. DigiCash ass einfach ze handhaben an Är Rechnung ass ënnerhalb vun e puer Sekonnen bezuelt.
Den DigiCash ass direkt mat Ärem Bankkonto verbonnen an Dir musst kee separate Konto oder eng Aart “Prepaid Konto” erstellen. DigiCash ass e séchere Produit: et gi keng Donnéeën um Smartphone gespäichert an Dir musst fir all Iwwerweisung Äre Code aginn.

Wéi kréien ech DigiCash?
Dir kënnt Iech d’DigiCash Applicatioun gratis fir Äre Smartphone oder Tablette an Ärem Appstore (iOS) oder iwwer Google Play (Android) erof lueden.​

Non
Non